Resumen del episodio
Eng eeler Actrice, déi et ni iwwer Niewerollen eraus gepackt huet, mécht sech u confirméiert Schauspillerinnen erun, fir et endlech zum Duerchbroch ze bréngen. Dem Marc Fitoussi seng Komedie hëlt eng ironesch Distanz zur Isabelle Huppert hirem Statut als international Filmdiva. Eng Kritik vum Michel Delage.
Eng eeler Actrice, déi et ni iwwer Niewerollen eraus gepackt huet, mécht sech u confirméiert Schauspillerinnen erun, fir et endlech zum Duerchbroch ze bréngen. Dem Marc Fitoussi seng Komedie hëlt eng ironesch Distanz zur Isabelle Huppert hirem Statut als international Filmdiva. Eng Kritik vum Michel Delage.
Episodios
Filmkritik: "Ni vue, ni connue"
EscuchadoEng eeler Actrice, déi et ni iwwer Niewerollen eraus gepackt huet, mécht sech u confirméiert Schauspillerinnen erun, fir et endlech zum Duerchbroch ze bréngen. Dem Marc Fitoussi seng Komedie hëlt eng ironesch Distanz zur Isabelle Huppert hirem Statut als international Filmdiva. Eng Kritik vum Michel Delage.
Filmkritik: "Primetime"
EscuchadoA senger Reality TV-Emissioun lackelt en Animateur méiglech Kannervergewalteger an d'Fal. Dem Lance Oppenheim säin Debutfilm exploréiert déi ruckelzeg moralesch Ofgrënn, an déi d'Medien, am Zesummeschloss mat der Police a Selbstjustiz-Gruppen, kënnen ofstierzen. Eng Kritik vum Michel Delage.
Lëtzebuerg op der Vienna Design Week
EscuchadoDëst Joer war Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week – an an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" huet sech alles em d’Stëmm vum Design gedréint. Och de Radio 100,7 ass an de Projet implizéiert: An enger zäitloser Radiostatioun kënnen d’Visiteuren sech eng Vinyl kropen an an enger Kabinn ee Podcast mat engem vun 30 vum Marc Clement interviewten Designer:inne lauschteren, d’Radio 100,7-Freelancerin Emma Hizette huet eng Parti Live-Interviews, an deenen Lëtzebuerger Designer:inne mat engem auslännesche Binôme diskutéiert hunn, gemaach. Am Jeff Schinker senger Reportage gi mer gewuer, wéi et zu der Invitatioun op Wien koum, wat d'konzeptuell an zeenographesch Erausfuerderunge vun der Ausstellung waren a wisou et wichteg ass, dass mat dëser Expo, déi och als Archiv funktionéiert, éischt Schrëtt a Richtung Geschichtsschreiwung vum Lëtzebuerger Design ënnerholl goufen.
D'Bün fir politesch Messagen notzen?
EscuchadoZënter 30 Joer stinn d'Sportfreunde Stiller op der Bün a ware gëschter och am Atelier op Besuch. Am Gespréich mam Sänger Peter Brugger ass et ëm de Gebuertsdag gaangen, deen si als Band feieren awer och ëm déi politesch Verantwortung vu Kënschtler:innen gaangen.
The Gentlemen: Vum britteschen Adel an d'Ënnerwelt
EscuchadoDen Eddie ierft nom Doud vu sengem Papp net nëmmen den Titel an d'Familljenhaus, mee entdeckt och eng riseg Cannabis-Plantage op sengem Terrain. Onfräiwëlleg geréit hien esou an eng Welt vun Drogendealer a Gangsteren – an ëmmer méi déif an déi kriminell Geschäfter eran. „The Gentlemen“ verbënnt schwaarzen Humor, skurril Personnagen a Spannung am typesche Guy-Ritchie-Stil – an ass dobäi virun allem herrlech absurd.